Reaktioun zum RTL Voting vum Lëtzebuerger a der Lëtzebuergerin vum Joer 2014

Am Numm vun de Familljen an vun all eise Memberen wëllen mir RTL vir d’Nominatioun vum Noémie a Camille Merci soen. Ee ganz groussen Merci geet dann och un déi vill RTL Utilisateuren déi online vir eis 2 Frënn ofgestëmmt hun. An deenen läschten Méint kruuten mir ganz vill Ennerstëtzung vun heiheem an aus dem Burkina Faso. Dës immens Zeechen vu Sympathie encouragéieren eis vir mat eiser Entwëcklungshëllef weiderzefueren. Datt d’Noémie an de Camille elo als Lëtzebuergerin a Lëtzebuerger vum Joer ausgezeechent goufen, ass ee schéinen Hommage un si 2 déi eis op esou eng tragesch Art a Weis hun missten verloossen.

Mir gesin dës Auszeechnung awer och als Unerkennung vir de fraiwëllegen Engagement am Cadre vun der Entwëcklungshëllef. Dës Unerkennung géifen mir gären mat de villen Kollegen deelen déi heiheem an am Ausland als Bénévole vir eng ONG oder eng Associatiounen am Asaatz sin. Zesummen leeschten si ee wichtegen Baitrag vir ganz villen Leit ze hëllefen déi op eis Ennerstëtzung ugewisen sin. 2015 ass d’Joer vun der europäescher Kooperatioun an Entwëcklungshëllef an mir sin sëcher datt d’Lëtzebuerger nees ee ganz groussen Baitrag wärten leeschten. Mir kënnen houfreg sin op dës Bereedschaft ouni déi d’Entwëcklungshëllef nit méiglech wier.

Mir wärten d’Noémie an de Camille vir emmer an eisen Härzer behaalen. Duerch eis Projet’en soll d’Undenken un si emmer opricht gehaalen gin.

D’ONG « Le Soleil dans la main » wënscht all hieren Frënn a Supporter ee gesond, glëcklëcht a solidarëscht neit Joer !

De Conseil d’Administration

Laisser un commentaire