Activités au LuxembourgArticle

Spill a Spaass an der Schleef, 13 Sept. 2015

De 13. Sept. huet déi 3. Editioun vum Spill a Spaass an der Schleef stattfonnt. Grouss a Kleng hunn sech trotz schlechtem Wieder gudd dru ginn an hu versicht déi meeschte Punkten ze sammelen. D’Frënn vum Soleil dans la Main hu gehollef d’Spiller animéieren an hunn sech virun allem ëm d’Kaffisstuff gekëmmert! No der Präisverdeelung, krut d’ONG ee Scheck vu 500 Euro vum Syndicat d’Initiative iwwerreecht. Ee grousse Merci geet awer virun allem un all déi fräiwëlleg Leit, Pompjeren a Memberen aus dem Synicat d’Initiative déi ët méiglech gemaach hunn dësen Event iwwert d’Bühn ze brengen. Villmols MERCI!

Laisser un commentaire