Scheckiwwerreechung Cycle 1 Rued-Syr

D’Schoulkanner aus dem Cycle 1 vu Rued-Syr ënnerstëtzen de Centre Noomdo zu Koudougou mat 3300 Euro. Den 31. Mäerz hunn si ee Fréijoersfest mat enger Kaffisstuff organiséiert wou d’Elteren verschidde Bastelaarbechte konnte kafen a mir als ONG och d’Méiglechkeet kruten fir eis Projet’en am Burkina Faso virzestellen. Den 10. Mee war elo déi offiziell Scheckiwwerreechung wou mir de Schoulkanner mat Film a Foto den Alldag vun de Kanner am Centre Noomdo presentéiert hunn. Mir soen der Equipe aus dem Cycle 1 vu Rued-Syr villmools Merci fir dës Initiative an iwwerhaapt déi ganz Organisatioun vun dësem Fest. Den Elteren, de Kanner an der Gemengt een häerzleche MERCI fir dëse solidaresche Geste an déi grouss Ënnerstëtzung.

Laisser un commentaire