Pinot Gris & Crémant „Soleil“ Ausgabe

Mir si frou Iech och dëst Joer nees eis Editioun „le Soleil dans la Main“ an Zesummenaarbecht mam Domaine Schram virstellen ze kënnen.🍇☀️

Et handelt sech ëm een exzellenten Pinot Gris Grand Premier Cru vun 2021 an ëm een excellenten Crémant (Cuvée Schram Brut).

Mat dem Kaf vum Wäin/Crémant ënnerstëtzt Dir eis Projeten am Burkina Faso.

Wann Dir un dësem gudde Wäin interesséiert sidd, da schreift eis via Mail op contact@asdm.lu mam Titel „Vin Soleil“.

Këschten mat 6 Fläschen Pinot ris (75cl) kaschten 72€ TTC (12€/Fläsch). Këschten mat 6 Fläschen Crémant (75cl) kaschten 78€ TTC (13€/Fläsch).

Villmools Merci dem Domaine Schram fir d’Erméiglechen vun dëser Editioun.