Wann een de Weekend vum 3. Juli méi no bei d’Däichwisen zu Ettelbréck komm ass, konnt ee Getrommels vun d’Djembéen héieren an och Ieselen huet een erbléckst, déi prett do stounge fir Virféierunge mat der Kassinen ze maachen. Am Kader vun der Foire agricole, hate mir dëst Joer, a Kollaboratioun mat fënnef aner Associatiounen a mat der Ënnerstëtzung vum Ministère des affaires étrangères et européennes (MAE), d’Burkina Days organiséiert. D’Iddi war et de Visiteuren de Burkina Faso virzestellen; souwuel seng Kultur wei och d’Landwirtschaft an déi domat verbonne Besoine vun der ländlecher Bevëlkerung. Awer och d’Presentatioun vun der Kooperatiounsaarbecht vun deene verschidden Associatiounen am Burkina Faso stoung um Programm. Freides gouf ee pädagogesche Rallye fir Grondschoulklassen organiséiert wou d’Iddi war de Kanner ze vermëttele wei een Dag am Liewe vun engem Kand am Burkina Faso ausgesäit an dëst duecht Matmaache bei verschiddenen Atelieren. Awer och Samschdes a Sonndes, goufen des Atelieren de Kanner ugebueden a probéiert den Erwuessenen déi afrikanesch Welt duerch Musek, Danz, Gesank an och afrikaneschen Häppecher méi no ze bréngen.
Résumé de la politique de confidentialité
Les site www.soleil.lu et www.asdm.lu utilisent Wordpress.org – AWSTATS, un service d'analyse Web. AWSTATS utilise des « cookies », des fichiers texte stockés sur votre ordinateur et qui permettent une analyse de l'utilisation du site Web. Les informations générées par les cookies, concernant votre utilisation de ce site Web (y compris votre adresse IP), sont transmises et stockées par le Soleil dans la Main. Ces informations ne sont ni divulguées ni vendus à des tiers.
Mentions légales