Dëse Weekend, de 24ten a 25te September, ass Hierschtfest zu Dikrech an de Soleil ass déi éischte Kéier mat dobäi!
Mir géifen eis freeën, wann dir leckert Gebäck, Viz oder Cidre bei eis schmaache kommt. Natierlech ginn et och erëm flott Soleils-Gadgeten a kleng Cadeauen ze kafen. Ausserdeem kritt dir all Informatiounen iwwert eis Projeten am Burkina 🙂
Wou kënnt dir eis fannen?
An der Foussgängerzone, vis-à-vis vun der Raiffeisen-Bank (N°6 op der Kaart)
Wéini si mir do?
De 24ten & 25te September 2016 vun 11-18h00
Liens:
https://www.facebook.com/events/732941570187440/
http://tourisme.diekirch.lu/fr/agenda/