Projet Hénger a Geessenstall vum Leo

Am Lycée Aline Mayrisch soll all neie Schüler a Schülerin sech enger Erausfuerderung stellen. De Leo Mersch (op 7ième) huet virgeschloen enger Famill bäizestoen fir Hénger an eventuell Geessen ze kréien. D’ONG Le Soleil dans la Main huet dem Leo proposéiert sech anzesetzen fir d’Kanner aus dem Kannerheem (Centre Noomdo) well d’ONG do am gaangen war ze kucken fir een Hénger a Geessenstall opzeriichten. Den Leo huet dunn fläisseg Suen gesammelt an 350€ koumen esou zesummen déi integral an de Projet investéiert goufen an et esou erméiglecht hunn fir 1 Héngerstall ze bauen plus 4 Hénger mat 19 Schippelcher esou wéi een Geessestall an eng Geess ze kafen. Am Anhang fannt der e puer Fotoen déi dësen Projet dokumentéieren. D’Kanner vum Centre Noomdo soen dem Leo Merci well elo hu si Moies frech Eeër um Teller ir se an d’Schoul ginn.

Méi Detailer an Fotoen kënnt dir hei fannen: Photos élevage NOOMDO