Scheckiwwerreechung Veteranen AS Wincrange

Mir soe villmools Merci fir d’Ënnerstëtzung vun de Veteranen AS Wincrange, an d´Equipen, Spiller, Sponsoren a Fräiwëlleger déi op der « Coupe Arend Camille » aktiv bedeelegt waren.

Hei nach ee klénge Message vun den Organisateure selwer:

« De 5. Oktober gouf virum Match vun de Veteranen zu Wëntger en Scheck vun 1200 Euro un d´ASBL « Le Soleil dans la Main » iwwerreecht. D´Oldies vum ASW hunn d´Einname vun hirer « Coupe Arend Camille » un déi Associatioun gespend, fier déi de Camille mat Häerz a Séil aktiv war. Méi Infos iwwert d´Aarbecht vum « Soleil dans la Main » fannt dier op hirer Home-Page: www.asdm.lu Alleguer den Equipen, Spiller, Sponsoren a Leit déi um Tournoi, sief et um oder rondrëm den Terrain aktiv waren, soe mir vun de Veteranen aus nach eemol en ganz grousse MERCI. »

Veteranen AS Wincrange

Laisser un commentaire