Charity Triathlon ’18 an der Regionalschoul Uewersauer

Den 11. Mee 2018 huet d’Regionalschoul Uewersauer am Kader vun hirem Schoulsportdag ee groussen d’Charity Triathlon organiséiert. D’Schüler sinn op d’Sich no Sponsore gaang, déi dann déi gelafe, geschwommen a geradelt Meteren sollte bezuelen. D’Schüler sinn am Ganzen 1367km gelaf, 1128km mam Velo gefuer an 23km geschwomm!
No dësem sportlechen Exploit vun de Kanner war ët un de Sponsoren fir hirt Verspriechen anzeléisen.

Den 9. Juli hunn 380 stolz an houfreg Kanner aus der Regionalschoul Uewersauer 24000€ un Le Soleil Dans La Main iwwerreecht. De Soleil seet der ganzer Equipe aus der Regionalschoul Uewersauer, de Kanner, den Elteren a Sponsoren een häerzleche MERCI fir déi flott Zesummenarbecht an déi wertvoll Ënnerstëtzung.