Schéckiwwerreeschung vun de Schüler aus de Mierscher Schoulen Nic Welter an Albert Elsen

De Soleil dans la Main ass immens houfreg drop datt d’Schüler aus de Cyclen 2 bis 4 vun den Grondschoulen Nic Welter an Albert Elsen an hir Enseignanten de 17. Mäerz op hirem Fréijors-Maart 6500€ agesammelt hunn an entscheet hunn dem Soleil dans la Main déi ganz Zomme ze spenden!

Dës Zomme gouf mëttwochs de 16. Mee iwwerreecht a gëtt integral genotzt fir de Bau vum neie Schoulkomplex Bangre Veneem zu Koudougou matzefinanzéieren.

Am Virfeld ware Membere vum Soleil dans la Main de 7. Mäerz zu Miersch an hunn a 17 Klassen Atelieren zur Entwécklungshëllef an den Aktivitéite vum Soleil presentéiert.

Merci fir den Asaz vun all de Schüler, Elteren an Enseignantë fir dëse generéisen Don ze erméiglechen!