Radio 100,7 Invité am Moies-Magazin

Wann dir d’Sendung um Radio 100,7 den 10/02/18 vun 10:30 – 10:45 verpasst sollt hunn, wou de Luc Siebenaller an Sébastian Thiltges beim Valéria Berdi am Interview woren, da kënnt dëst hei nohuelen:

Zënter 15 Joer engagéiert sech d’Organisatioun Le soleil dans la main mat nohalteger Entwécklungshëllef am Burkina Faso. Déi zwee Memberen, de Luc Siebenaller an de Sébastian Thilges erzielen am Gespréich mam Valerija Berdi vun hirem Asaz, der Motivatioun, den Ziler an de Projeten, déi si realiséieren. Dotëschent héiert der en Titel vu Filiband, enger lëtzebuergescher Band, déi hir Sourcen am Burkina Faso huet.