D’Kietschter Schoul ënnerstëtzt d’Kanner am Burkina Faso

De 14. Juli 2013 huet d’Kietschter Léierpersonal e grousst Schoulfest mat verschiddenen Aktivitéiten an Atelieren organiséiert. Sou sinn niewt etlichen Bastel- a Molatelieren de Jugendensembel vun der Folschter Musik opgetrueden, d’Pompjeën aus der Gemeng Rammerich hunn de Kanner dat Wichtigst iwwert d’Brandbekämpfung geléiert, de Clown Benito huet fir Ënnerhalung gesuergt an et gouf Animatioun vun „Jeux en bois“ um Fussballsterrain. D’Editioun 2013 war e groussen Erfollig an et stung vu viran fest, dass een Deel vum Erléis fir e gudden Zweck giff gespend ginn.

De 27. November konnten de Comité an d’Léierpersonal dunn e Scheck am Wäert vun 1500€ un d’ „ONG Le soleil dans la main“ iwwerreechen. D’Vertrieder vun der ONG, Camille Arend a Paul Hermes, waren ganz dankbar fir dësen Don a si kurz op hir Aktivitéiten am Burkina Faso agaang, déi niewt der Bekämpfung vun der Waasserproblematik an de Beräicher vun der Schoulbildung an der Leedung vun engem Kannerheem leien.

Laisser un commentaire