Charity Dinner, den 30. September 2017, zu Ettelbréck an der Däichhal

Umeldung nach bis spéitstens den 20. September 2017

Zum aktuellen Zäitpunkt si ronn 315 Leit fir de „Burkina Dinner“ ugemellt. Den Organisatiounscomité ass frou an houfreg, datt den Opruff zu dësem – mat laangem Otem preparéierten – Event, op eng esou grouss Resonanz gestouss ass.

Déi, déi et verpasst hunn, fir sech bis haut (15/09/17) unzemellen, kënnen dat nach bis spéitstens den 20. September 2017 nohuelen: Tel. 44743 – 252 oder secretariat@jongbaueren.lu

Elo schonn e grousse MERCI

• un eis Gäscht, déi d’Aarbecht am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso duerch hir Präsenz um Dinner encouragéieren

• un d‘Membere vum Organisatiounscomité vum Charity Dinner, déi sech bis heihi fir d’Saach staark gemaach hunn an sech weiderhin investéieren, fir de Gäscht den 30/09 en interessanten Owend unzebidden

• un déi vill Benevoller, déi sech spontan bereet erkläert hunn, fir um Owend eng Hand mat unzepaken!

 

Am Numm vun:

Fondation CPS
Fondation Dr Elvire Engel
Le Soleil dans la Main
LLJ – Service Coopération
– Partage Afrique
Solidaresch Aktioun Echternach

Regelméisseg weider Informatiounen op Facebook